Lady BP Leideleng
Iwwer eis
E lokale Scoutsgrupp mat enger laanger Geschicht, engem eegene Chalet a vill Loscht, zesummen eppes ze erliewen.
Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen.
Mir wëllen déi Jonk drop virbereeden, Verantwortung fir sech a fir anerer ze iwwerhuelen. An engem oppene Kader dierf jidderee matmaachen a matbestëmmen.
Zesumme maache mir Erfarungen, knëppe Frëndschaften, léiere sozial Fäegkeeten a respektéieren d’Natur. D’Method ass einfach: selwer ausprobéieren, Verantwortung kréien an als Grupp wuessen.
Eis Geschicht
Vum Grupp Märel op d’Schwengsweed
De Scoutismus gouf 1907 vum Lord Baden-Powell an England gegrënnt. De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten gouf 1919 gegrënnt; 1994 hunn d’Guiden an d’Scouten zu Lëtzebuerg fusionéiert.
Tëscht 1976 an 1993 ware scho Guiden zu Leideleng aktiv. Wéi et net méi genuch Cheftaine gouf, sinn eng Rei Kanner op Märel an d’Scoute gaangen. Lady BP staamt dofir ursprénglech vum Grupp Märel St. Gengoul of. Well vill Leidelenger Kanner samschdes dohinner gefuer sinn, ass de Grupp 2001 op Leideleng geplënnert.
Am Ufank waren d’Aktivitéiten haaptsächlech am Chalet vun den Oeuvres paroissiales. 2010 gouf mat Hëllef vun der Gemeng an dem Jugendministère eist Scoutschalet op der Schwengsweed ageweit.
Eist Chalet
69d, rue de la Gare, L-3377 Leudelange
Grupperesponsabel
Alex Gansen
info@lgsl.luAm Laf vun de Joren
Leit, déi de Grupp matgedroen hunn
- Gruppechef
- Alex Gansen
- Gruppechef-Adjointen
- Christelle Van Dyck an Antoine Berchem
- Sekretärin
- Christelle Van Dyck
- Tresorier
- Alex Gansen
Biber
Sara Fallah
Wëllefcher
Leo Van Dyck, Pit Roth
AvEx
Antoine Berchem, Carine Gansen, Maxime Berchem, Christelle Van Dyck
CaraPio
Antoine Berchem
RaRo
Alex Gansen, Manon Arent
Albatrossen
Jeia Scholtus
Aus eisem Gruppsliewen
Geschichten, Fotoen an Dokumenter
Entdeck Aktivitéiten aus de leschte Joren oder luet praktesch Dokumenter erof.
