14–17 Joer
CaraPio
Projeten zesumme plangen, Verantwortung droen an d’Welt gesinn.

CaraPio ass d’Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier. Meedercher a Jongen schaffen an eiser Trupp zesummen.
Si organiséieren an duerchféieren zesumme flott Entreprisen. Matbestëmmung bei der Wiel, der Virbereedung an der Ëmsetzung bedeit och Matverantwortung an Engagement.
D’Montée ass de Startschoss fir dat neit Scoutsjoer. Den Héichpunkt ass de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass.
D’Ziler sinn aner Länner, Kulturen a Liewensbedingungen kennenzeléieren, international Frëndschaften ze knëppen, Abenteuer an Erfarungen ze maachen, am Grupp ze liewen an ze schaffen an d’Natur ze erliewen.
„Fuer duer“ ass de Sproch vun de CaraPio: organiséier eppes, maach eppes a start eng Entreprise zesumme mat denge Frënn.
Och aktiv an dëser Branche: Antoine Berchem
carapio@lgsl.lu Zeréck bei d’Branchen